0 Panier

Musique - Rock & Pop

Deen Owend stunge mam Gollo natierlech eng Rei vu Musiker op der Clubbühn vun der Rockhal, déi och op der CD Vum Lämmes gebass mat dobäi waren, mä och nach d’Originalbesetzung vun der LP Du méist lo ufänken aus dem Joer 1980 an déi vun der LP Ka komme wat wëllt aus dem Joer 1982, déi Placken, déi allebéid d’Rockmusik a Lëtzebuerger Sprooch dach entscheedend beaflosst haten, an déi haut op der CD Eng laang Strooss vun der Robert Stephen Band ze fanne sinn. Mat dobäi waren: Michel Bontemps, Camille Weber, René Rieth, Luc Weber, Eric Steffen, Alain Bergem, Marc Eicher, Dan Eischen, Franco Garganese, Mil Garofalo, Roger Hamen, Luc Hoffmann, Thierry Kinsch, Isabelle Lord, Claudine Muno, Jeannot Sanavia, Patrick Steffen a Jean-Michel Treinen. An all déi Musiker waren dann zum Finale nach eemol zu enger riseger Jam bei „Keng Drëpp drop”, déi hei och drop dokumentéiert ass. All Live-Lidder op der CD: Vum Lämmes gebass / 5 vir 12 / Dat ass schued / Beschäftigungstherapi / Summer um Stau-séi / Feierowend Reggae / Dëst sollt een Instrumental sinn / E Bild vun engem Mann / Eng Rees am Krees / Ka komme wat wëllt / Komm lo / Carolina / 4 Wochen / Meedchen aus dem Éislek / Virstellung vun de Musikerfrënn / Keng Drëpp drop. Am Total mécht dat ëmmerhin 75 Minutten a 44 Sekonnen! A well keng deier Studioskäschten ugefall sinn, kritt een deen CD zu engem richtege Léiwepräis.

11.24 €

Tous les prix incluent la TVA.

En stock.

Détails
Auteur Steffen Robert Gollo
Editeur Op der Lay
Site internet http://www.opderlay.lu
Catégorie Musique - Rock & Pop
Langue Luxembourgeois
Parution2007
LocalitéEsch-sur-Sûre
Support Musique
Volume75 minutes
ISBN 139782879671437
Musique9.61 € ( 11.24 €)
Edition1
Partager
Code-barres