0 Panier

Littérature - Récit

An engem Kino brécht d’Anarchie aus; kuerz viru Chrëschtdag fänkt am Supermarché de Biergerkrich un; zwee Clowne plangen no hirer Karriär eppes ganz Radikales; en Autokrat sicht sech en neie Geck a kritt et mat geféierleche Kandidaten ze dinn; nom Doud vun hirem Papp wëllen d’Kanner sou séier wéi méiglech d’Ierfschaft untrieden a geroden an hefteg Turbulenzen; eng Léierin probéiert, engem Schüler e ganz einfache Saz bäizebréngen a muss sech froen, ob deen Exercice wierklech esou einfach ass; e klengen, rabiaten Dropgänger wëllt bei engem speed date grouss optrompen; bei engem Audit verléiert en Assurancen-Employé den Iwwerbléck an de Verstand; den Direkter vun enger Residenz fir eeler Leit gëtt bal geckeg, well hien ee vun den Awunner beim beschte Wëllen net duerchkuckt kritt; e Korrekter wëllt engem Auteur säin Text iwwerschaffen a bäisst op Granit; eng Vitessekontroll gëtt op eemol eng Fro vu Liewen an Doud; zwee Juriste loosse sech aus humanitäre Grënn fräiwëlleg an de Prisong aspären; an engem Seniorenheem wiert sech eng Fra géint d’Invasioun vum Stëbs; eng Fra, déi an engem Müsee schafft, dreemt zanter Jore vun engem groussen Noutfall; eng Pensionnairskoppel hält sech all Dag mam Liesen a Kommentéiere vun Doudesannoncen iwwer Waasser. / Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns ass eng Sammlung vu fofzéng Geschichten an Erzielungen: Et geet ëm d’Rëss an d’Bréch an der Gesellschaft, ëm fauschtdéck Ligen a schwaach Wourechten, an ëmmer nees ëm kleng a grouss Katastrophen, déi d’Leit aus der Bunn geheien. Dat alles erzielt de Guy Rewenig mat fäiner Ironie, awer och mat schwaarzem Humor a surrealem Witz.

28.00 €

Tous les prix incluent la TVA.

En stock.

Détails
Auteur Rewenig Guy
Editeur Editions Guy Binsfeld
Site internet http://www.editionsguybinsfeld.lu
Catégorie Littérature - Récit
Langue Luxembourgeois
Parution2017
LocalitéLuxembourg
Support Livre
Format145 x 225 mm
Volume512 pages
ISBN 139789995942304
Livre27.18 € ( 28.00 €)
Edition1ère édition
Droits
Droits d'auteur Quantité Destinataires Tarif Indexation? Prix htva Prix ttc Panier
Numérisation intra/extra/internet Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Photocopie n&b 0.084 € {{ copyBWExVat}} € {{ copyBWVat}} €
Photocopie couleur 0.168 € {{ copyColorExVat}} € {{ copyColorVat}} €
Prêt 2 € {{ loanExVat}} € {{ loanVat}} €
Traduction Ce droit n'est pas accessible sur lord. Veuillez vous adresser à l'ayant droit.
Partager
Code-barres