0 Panier

News

Merci villmools...

D'Equipe vum LORD seet all Visiteure vu LORD.LU, LORD TV, Facebook an Twitter @luxcontent villmools merci fir den Interessi, deen si de Lëtzebuerger Kulturschaffenden an anere Kulturakteuren an dësem Joer 2017 entgéintbruecht hunn.

Mir soe viru allem och all deene Merci, déi sech permanent fir d'Lëtzebuerger Kultur asetzen, ouni dobäi am sougenannte "Rampenlicht" ze stoen.

Mir invitéiere jiddwereen häerzlechst, deen Ureegunge fir weider Funktioune vum Lëtzebuerger Kulturportal LORD.LU huet, eis ze kontaktéieren.

Am Joer 2018 sinn iwwerdeems nach munnech flott  "Module" geplangt.

Loosst Iech iwwerraschen a verbréngt gemittlech, friddlech a freedeg Feierdeeg am Kreess vun Ärer Famill, Frënn a Bekannten, am beschte mat engem gudde Buch oder soss engem "Contenu" (Film, Musék, Zäitschrëft...) aus dem Grand-Duché...