0 Panier

News

Lëtzebuerger Buchpräis 2017: Ab elo kënnt Dir "voten"!

Lëtzebuerg - Ab elo kënnt Dir bei RTL all Dag d'Presentatioune vun deene Bicher lauschteren, déi et op d'Shortlëscht vum Buchpräis 2017 gepackt hunn. Wann Dir fir Äert Liiblingsbuch ofstëmme wëllt, dann ass dat och ewell méiglech. Fir Spannung ass op alle Fall gesuergt. D'Opléisung ass dann den nächste Mount op de Bicherdeeg zu Walfer.