0 Panier

News

3. Radio-Hörspill-Präis vum 100,7 - Manuskripter ginn nach bis zum 1. Oktober ugeholl

Lëtzebuerg - Dreem, Projeten, eis Inspiratioun, fir d'Welt ze veränneren? Dat ass den Thema vum 100,7-Radiopräis 2017. D'Manuskripter musse bis spéitstens den 1. Oktober 2017 agereecht ginn. D'Versprieche vun enger brillanter Zukunft, mat deem d'Nokrichsgeneratiounen opgewuess sinn, huet e puer Téitschen. Wéi gesäit haut déi brillant Zukunft aus, am Sënn vu Carrière, Famill, engem ausgefëllte Liewen? A wéi gesäit d'Medezin an der Zukunft aus? Wat bréngen Nanotechnologie a genetesch Fuerschung? Ginn d'Aarbechtszäite méi oder manner flexibel? Gëtt de Mënsch un de Rand gedrängt vun der kënschtlecher Intelligenz? Ginn d'Energiequelle propper? Ginn eis westlech Gesellschafte weider op, beschleunege si d'sozial Mobilitéit? Oder kënnt eng Zäit vun neie klengen Nationalismen? Ass d'parlamentaresch Demokratie weider de politesche Modell oder sinn aner Alternative méiglech? Méi Informatioune beim soziokulturelle Radio