0 Panier

Agenda

Julie Vinandy-Schmit - Perdue dans la vallée

Littérature - Présentation |

Luxembourg - Hôtel Le Châtelet - 2 bd de la Pétrusse - Bonjour, "Je m’appelle Sophie. Je collectionne les histoires en tous genres: les histoires gaies et les histoires tristes, les histoires simples et les histoires compliquées... Je m’assois toujours sur ce banc vert. Je serais heureuse de lire votre histoire."

A mir wiere frou, Iech d'Sophie virzestellen. Et ass d'Haaptprotagonistin vum Buch "Perdue dans la vallée".

"Sophie a le vague à l’âme. Elle vient tout juste de décrocher un diplôme de fin d’études secondaires, mais se retrouve seule dans la vallée de la Pétrusse, sans perspectives d’avenir. Sophie colle des messages sur un banc... dans l’espoir d’obtenir une réponse, de communiquer."

D'Geschicht vum Sophie gouf vum Julie Vinandy-Schmit geschriwwen. No der Kuerzgeschicht "Magnificat", der Nummer 5 aus der Smart-Serie vu Kremart, presentéiert d'Julie Vinandy-Schmit mat "Perdue dans la vallée" hir zweet Publikatioun. D'Geschicht vun engem jonke Meedchen op der Sich no sech selwer an no sengem Wee an d'Liewen spillt an der Péitruss.

Extraite vun dëser touchanter Erzielung goufe scho viru Joren an den "Cahiers luxembourgeois" publizéiert, elo huet d'Autorin se komplettéiert a fäerdeg geschriwwen. Si kritt duerch d'Zeechnunge vum Hermann Fuchs nach eng ganz besonnesch Dimensioun.

Léiert d'Sophie a seng Geschicht kennen a sidd bei der offizieller Buchpresentatioun a Präsenz vun der Autorin derbäi.

Inscription par mail ou tél. 621 71 09 29